Opruff : Biodiversitéits-Monitoring op privaten Agrarflächen

Opruff : Biodiversitéits-Monitoring op privaten Agrarflächen

Sidd Dir Besëtzer oder Bewirtschafter vun Agrarflächen am Oppeland, op deene Biodiversitéitsprogrammer oder gläichwäerteg Agrar-Ëmwelt-Klima-Moossname lafen?

Wéilt Dir méi doriwwer erausfannen, wéi d’Biodiversitéit sech op dëse Flächen entwéckelt?

Da mellt Iech bei eis

iwwer Telefon um 99 46 96 – 1

oder iwwer E-mail commune@wincrange.lu

an deelt eis wannechgelift d’Parzellennummer(en) an d’FLIK-Nummer(en) mat.

© Naturpark Our /Pierre Haas

© Naturpark Our /Caroline Martin

De Monitoring leeft am Kader vum Projet “Naturpakt” am Optrag vun der Gemeng.

D’Zil vum Monitoring ass et, d’Evolutioun vun der Biodiversitéit op de Fläche an den Impakt vun de verschiddene Fleegemoossnamen laangfristeg z’erfuerschen.

Fir eng Evolutioun vun der Biodiversitéit op de Fläche feststellen ze kënnen, missten d’Flächen och längerfristeg Deel vun engem Biodiversitéitskontrakt oder gläichwäertegen Agrar-Ëmwelt-Klima-Moossname sinn. De Monitoring féiert weder zu Käschte fir d’Besëtzer oder Bewirtschafter, nach zu Aschränkungen an der Bewirtschaftung.

Bei groussem Interessi kann et dozou kommen, dat verschidde Flächen net zeréckbehale ginn. Mir hoffen op Äert Versteesdemech.

Refonte du Plan d’Aménagement Général

Refonte du Plan d’Aménagement Général

Aller au contenu principal